Neijoerspatt vun der CSV Sektioun Wëntger

Eng 50 Sympathisanten sinn der Invitatioun vun der CSV Sektioun Wëntger nokomm fir op dat neit Joer 2016 mat unzestoussen. No der Begréissung duerch de Sektiouns-President Luss Meyers hunn de Marco Schanck an den Aly Kaes kuerz d’Wuert ergraff fir iwwert aktuell national politesch Themen ze informéieren. (méi…)

De Pierre Da Silva ass neie Member am Nationalcomité

De Pierre Da Silva ass zanter haut, a senger Funktioun als President vum CSV International, neie Member am CSV Nationalcomité. Pierre, mir wënschen Dir alles Guddes a vill Satisfaktioun mat Dengem neie Mandat.

(Foto : Yves Karier)