Op de Punkt : Polizeireform / réforme de la police

– pour la version française, voir plus bas –

Mit der von der Regierung angestrebten Polizeireform sollen bekanntlich 14 lokale Polizeidienststellen, sogenannte « Commissariats de Proximité », schliessen und mit anderen Dienststellen fusionieren. Sinn und Zweck sei es mehr Polizeipräsenz vor Ort zu garantieren. Mehr polizeiliche Anwesenheit ? Gute Absichten ! Aber bei genauerem Betrachten der Reform bleiben leider viele Fragen offen. (méi…)

Fotoen vum Nationalkongress zu Esch

Um Nationalkongress vum 19. Mäerz huet d’CSV seng Parteiexekutif méi wéi däitlech bestätegt. Als Bezierk Norden sinn mir besonnesch houfreg op dem Martine Hansen seng Confirmatioun als Vizepresidentin mat bemierkenswäerten 94,8 % ! (méi…)

Ginn et ze wéineg Akutbetter an de Kliniken?

Laut eisen Informatiounen huet de Norden vum Land eng Akutbetten-Kapazitéit vun 327 Better, wat enger Moyenne vun 3,2 Better fir 1.000 Awunner entsprécht. An eise Nopeschlänner ass dës Kapazitéit allerdéngs duebel sou héich. Dofir hunn eis 4 Nord-Deputéiert eng parlamentaresch Fro un déi zoustänneg Ministesch gestallt.

Den integralen Text vun der parlamentarescher Fro fannt Dir hei.

Grënnung vun der Sektioun Kanton Wooltz

Mat de neie Statuten vum 5. Dezember 2015 ass d’Zesummenaarbecht tëscht de Sektioune vereinfacht ginn. Aus dësem Grond sinn d’Sektiounen aus de Majorz-Gemengen vum Kanton Wooltz (Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdrëf, Stauséigemeng, Wanseler a Kiischpelt) och gewëllt fir sech ze regroupéieren an sech ZESUMMEN fir d’Regioun politesch staark ze maachen. Den 1. Mäerz, a Präsenz vum Parteipresident Marc Spautz, gouf dunn och eestëmmeg decidéiert, fir sech an enger grousser « Sektioun Kanton Wooltz » ze regroupéieren. (méi…)

EVP Kongress zur Atomkraaft zu Eynatten

D’Atomreakteren Tihange 2 an Doel 3 sinn kierzlech nees a Betrib geholl ginn, dat trotz ville Stéierfäll a Rëss, déi an den Drockbehälter festgestallt goufen. Well d’Geforen vun der Atomkraaft net op de Grenze stoen bleiwen, hunn d’Parteien vun der EVP aus der Euregio Maas-Rhein de 25. Februar e Kongress zu dësem Thema zu Eynatten (B) organiséiert. (méi…)