Neijoers-Receptioun vun de Sektiounen Ettelbréck an Dikrich

De 9. Januar hunn d’CSV-Sektioune vun Dikrich an Ettelbréck hir Memberen a Frënn aus der Nordstad op hier Neijoers-Receptioun invitéiert. No den traditionellen Neijoers-Wënsch an der  Begréissung duerch den Dikricher Sektiouns-President Paul Bonert huet d’Bezierkspresidentin Martine Hansen och nach e politeschen Ausbléck op dat kommend Joer gemaach. (méi…)

Quo vadis ländlicher Raum ?

Ein weiteres Mal zeigt die Regierung, daß der ländliche Raum ihr nur wenig am Herzen liegt. Von den 7 Sparkassenfilialen die, so Finanzminister Gramegna auf eine parlamentarische Frage von Léon Gloden hin, geschlossen werden, befindet sich die Mehrzahl im ländlichen Raum. Mit Martelingen, Ulflingen und Vianden fallen gleich drei Filialen im Norden der Zentralisierungswut der Regierung zum Opfer. (méi…)

Bezierkscomité zu Useldeng

Den 29. November war de Claude Wiseler zu Useldeng op Besuch am Bezierkscomité Norden. A Präsenz vun alle Sektiouns-Verantwortlechen huet eise Spëtzekandidat betount, dass hien e Spëtzekandidat ass, deen sech fir ALL Bezierk interesséiert. (méi…)

Weiderbildung zum Thema “aménagement communal”

De 17. November 2016 war an der Däichhal zu Ettelbréck am Kader vun der CSV-Akademie eng Formatioun iwwer den Aménagement communal mam Romain Diederich (anc. Premier Conseiller de Gouvernement am Nohaltegkeetsministère). Vill Leit hunn de Wee op Ettelbréck fonnt fir sech an dësem komplexen, awer dach wichtegen Thema, weiderzebilden. (méi…)

Den Norden däerf kee Fräiliichtmusée ginn !

De Moien huet d’CSV Norden eng Pressekonferenz aberuff, fir hir Positioun zum qualitative Wuesstem am Norden duerzeleeën. D’Bezierks-Presidentin Martine Hansen huet am Numm vum Bezierk fir eng verantwortungsvoll Landesplanung plaidéiert, grad wéi fir eng verantwortungsvoll Gemengenfinanzreform, déi sech fir e gäichberechtegten Zougang op d’ëffentlech Servicer vun alle Bierger asetzt. Och am ländleche Raum ! (méi…)