Kongress zu Wëntger

Den 30. Januar huet d’CSV Norden op hire Bezierkskongress op Wëntger invitéiert.

No der Begréissung duerch de Luss Meyers, President vun der CSV Sektioun Wëntger, ass de Kongressbureau agesat ginn, mam Romain Wester als Kongresspresident.

Am administrative Deel sinn duerno déi verschidden Aktivitéitsberichter virgestallt ginn :

– Aktivitéitsbericht CSF-Norden vun der CSF Bezierkspresidentin Christine Lutgen

– Aktivitéitsbericht CSJ-Norden vun der  CSJ Bezierkssekretärin Sonja Conzemius

– Aktivitéitsbericht CSV-Norden vum CSV Bezierkssekretär Charel Weiler

– Keesebericht CSV Norden vum CSV Bezierkstresorier Uljana Molitor

– Rapport vun de Keeserevisoren Luss Renckens a Jos Thelen

D’Bezierkspresidentin Martine Hansen huet de politeschen Deel lancéiert mat enger Plädoyer fir de Norden. D’Martine Hansen huet de Leit verséchert, dass d’CSV Norden fir eng vergläichbar Liewensqualitéit fir ALL Bierger géif stoen. An dat iwwerall am Land. Och am ländleche Raum !

Uschléissend hunn den CSV Generalsekretär Laurent Zeimet, den CSV Fraktiounspresident Claude Wiseler an den CSV Parteipresident Marc Spautz d’Wuert ergraff. Mat engem klore Message : d’CSV wëll zréck an d’Regierungs-Verantwortung. A fir d’Legislativwahlen am Oktober kënnen ze gewannen muss d’Partei geschlosse sinn. Eng Politik gestalten déi no vir geriicht ass an d’Leit iwwert déi nächst Méint mat Programm informéieren a mat Inhalt iwwerzeegen. An et ass wichteg, hei mat der néideger Rou un d’Saach erunzegoen.

(Fotoen : Paul Bonert)

 

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)