Bezierkscomité zu Branebuerg

Den 18. Oktober huet sech de Bezierkscomité vun der CSV Norden zu Branebuerg eng éischte Kéier no der Vakanz zesummefonnt an d’politesch Rentrée agelaut. Haaptthema vun dëser Sitzung waren d’Gemengewahle vum 8. Oktober. Mir hunn eng detailléiert Analyse vun de Resultater gemaach, dëst souwuel fir all Proporz-, awer och fir all Majorz-Gemengen. Och wann eist Gesamtresultat eis natierlech erfreet, sou wäerte mir eis net op deem Resultat ausrouen. Mir wäerten eis weiderhin fir eis Regioun an hir Leit asetzen.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)