Zuch-Infrastruktur am Norden

D’CFL hunn e groussen Investitiounsplang vun 3,8 Milliarden Euro presentéiert. Wuel sinn d’Transformatioun vun der Ettelbrécker an d’Modernisatioun vun der Ëlwenter Gare an dësem Plang virgesinn, mä mir konnte keng weider Investissementer, weder an d’Schinnenetz, nach an den Ausbau vu P&R-Méiglechkeeten, erkennen. Well mir awer net wëllen, dass de Norden vergiess gëtt, hunn eis 4 Nord-Deputéiert Emile EICHER, Martine HANSEN, Ali KAES a Marco Schank eng parlamentaresch Fro un den zoustännege Minister gestallt.

Den integralen Text vun der parlamentarescher Fro fannt Dir hei.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)