Virbereedung op d’Gemengewahlen

Den 20. Juni huet sech eise Bezierkscomité zu Heesdrëf getraff. Haaptthema ware sonner Zweiwel d’Gemengewahlen vum 8. Oktober. Et ass iwwert déi verschidde Lëschten a Wahl-Programmer an de Proporz-Gemenge geschwat ginn. Eenzel Themen sinn dobäi relativ systematesch erëmkomm, wéi ë.a. de Wunnengsbau, déi medezinesch Versuergung, d’Mobilitéit, d’Educatioun, d’Landwirtschaft oder och nach d’Gemengefinanzen.

Ervirzesträichen ass, dass d’CSV an ALL Proporz-Gemengen an eisem Bezierk wäert mat enger Lëscht an d’Wahle goen. An dass déi verschidden Sektiounen de Leit och keng falsch Wahlverspriechen maachen an d’Themen sachlech an an aller Transparenz wäerten ugoen.

No der Beliichtung vun der politescher Aktualitéit aus der Chamber duerch d’Bezierkspresidentin Martine Hansen ass dës Aktualitéit och nach am Comité debattéiert ginn.

CSV : Kloer, no a gerecht !

(Fotoen : Yves Karier)

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)