Tëschent Quoten a Kanner : Fraen an der Politik am Éislek

Eng 40 Fraen, awer och e puer Männer, sinn de 9. Mee der Invitatioun vun der CSF-Norden nokomm fir iwwert Fraen-spezifesch Problemer an der Politik ze schwätzen. D’CSV ass sech bewosst, dass et wichteg ass, dass sech Fraen an der Politik engagéieren an dass déi Partei-intern Quote vun 30% och seng Friichte gedroen huet. Déi lieweg a konstruktiv Diskussioun vun der Table-ronde war dann och de klore Beweis, dass mir vill staark Fraen hunn, déi sech, zesumme mat de Männer, fir eng liewenswäert Zukunft asetzen.

No enger kuerzer Aleedung vun der Mme Anik RASKIN huet d’Sonja SOARES-KETTMANN eng Table-ronde animéiert, un där folgend Fraen deelgeholl hunn:
Sonja CONZEMIUS (Sekretärin CSJ Norden),
Martine HANSEN (Deputéiert an Bezierkspresidentin),
Edmée JUNCKER ép. FEITH (Gemengerot Ettelbréck),
Annie NICKELS-THEIS (Buergermeeschtesch Gemeng Buerschent),
Anik RASKIN (Conseil national des Femmes).

(Fotoen : Yves Karier)

 

 

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)