De Claude Wiseler war op Besuch

Den 13. Mäerz war de Claude WISELER op Besuch an der Generalversammlung vun der CSV Sektioun “Kanton Wooltz” zu Kaunerëf. No der Begréissung duerch de President Romain SCHROEDER huet d’Bezierkspresidentin Martine HANSEN sech un d’Membere geriicht a betount, dass all d’Leit am Land, also och d’Leit am ländleche Raum,  een Urecht hunn op eng vergläichbar Liewensqualitéit. Och de Norden muss sech däerfen entwéckelen. De Claude Wiseler war sengersäits der Meenung, dass eng Entwécklung am Norden, virop an der Nordstad, nëmme dann méiglech ass, wann de Staat säin Deel Verantwortung iwwerhëlt. Et geet net duer fromm Wënsch ze äusseren, mä d’Regierung muss och de klore Wëllen hunn, ähnlech wéi op Belval oder um Kierchbierg, gezielt Gelder fir eng d’Entwécklung zur Verfügung ze stellen. Um Enn vun der Generalversammlung sinn nach e puer Membere geéiert ginn. Ervirzehiewen ass hei d’Éierung vum Alfred MAJERUS fir seng 55 Joer Engagement an der Partei. Merci Alfred !

(Fotoen : Yves Karier)

 

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)