Kongresser vun CSF, CSJ an CSV Norden

An engem Sall, dee bis op déi läscht Plaz gefëllt war, haten d’CSF Norden, d’CSJ Norden an d’CSV Norden de 9. Mäerz op hir Bezierkskongresser op Housen  invitéiert.

No der Begréissung duerch de President vun der Sektioun Park Housen Nico WAGENER, gouf de Kongressbureau agesat, ënnert de Leedung vum Marcel THOMMES, Buergermeeschter vu Wëntger. Am administrativen Deel goufe fir d’éischt d’Aktivitéitsberichter vun CSF Norden (Christine LUTGEN), CSJ Norden (Stefano D’AGOSTINO) an CSV Norden (Charles WEILER) presentéiert. Duerno huet d’Uljana MOLITOR de Keesebericht gemaach.

Am politeschen Deel huet d’Bezierkspresidentin Martine HANSEN an hirer Usproch e Plaidoyer fir de ländleche Raum am allgemengen a fir de Norden am besonneschen gehalen. Duerno hunn den CSV Parteipresident Marc SPAUTZ an den CSV-Fraktiounspresident  Claude WISELER sech un d’Membere geriicht.

Et war een dynameschen a gelongene Kongress mat interesséierte Memberen a kompetente Riedner. D’CSV Norden huet eng Kéier méi zum Ausdrock bruecht dass si sech weiderhin mat voller Energie fir d’Regioun an hir Leit asetzt.

No 3 ½ Stonn Kongress konnten d’Memberen  de Owend ronderëm e Patt an e gudde Maufel den Owend gemittlech ausklénge loossen.

(Fotoen : Yves Karier)

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)