De 26. Januar sinn eng 50 Sympathisanten der Invitatioun vun der CSV Sektioun Wëntger nokomm fir zu Heesdref op dat neit Joer 2017 mat unzestoussen. Ënnert de Gäscht waren ë.a. d’Nord-Deputéiert Martine Hansen, Emile Eicher an Ali Kaes.
A senger Begréissung huet de Wëntger Buergermeeschter Marcel Thommes e klenge Réckbléck op 2016 an en Ausbléck op 2017 gemaach. Duerno huet de Sektiouns-President Luss Meyers kuerz d’Wuert ergraff fir iwwert déi kommunal-politesch Aktualitéit ze schwätzen an dovu profitéiert fir alle Leit déi bescht Gléckwënsch mat op de Wee ginn. Uschléissend hunn d’Bezierks-Presidentin Martine Hansen, grad sou wéi de Clierfer Député-Maire Emile Eicher iwwert aktuell national politesch Themen informéiert.
Ronderëm e Patt an e klenge Maufel, offréiert vun der CSV-Wëntger, konnten d’Leit schlussendlech den Owend gemittlech ausklénge loossen.
(Fotoen : Fernand Arend)







