De 9. Januar hunn d’CSV-Sektioune vun Dikrich an Ettelbréck hir Memberen a Frënn aus der Nordstad op hier Neijoers-Receptioun invitéiert. No den traditionellen Neijoers-Wënsch an der Begréissung duerch den Dikricher Sektiouns-President Paul Bonert huet d’Bezierkspresidentin Martine Hansen och nach e politeschen Ausbléck op dat kommend Joer gemaach.
(Fotoen : Yves Karier)

























