Den Norden däerf kee Fräiliichtmusée ginn !

De Moien huet d’CSV Norden eng Pressekonferenz aberuff, fir hir Positioun zum qualitative Wuesstem am Norden duerzeleeën. D’Bezierks-Presidentin Martine Hansen huet am Numm vum Bezierk fir eng verantwortungsvoll Landesplanung plaidéiert, grad wéi fir eng verantwortungsvoll Gemengenfinanzreform, déi sech fir e gäichberechtegten Zougang op d’ëffentlech Servicer vun alle Bierger asetzt. Och am ländleche Raum !

De Norden däerf kee Fräiliichtmusée ginn a lénks leie gelooss ginn. Hei gesitt Dir d’Powerpoint-Presentatioun : pk-2016-11-17

Hei kënnt Dir och e kuerze Video zum selwechten Thema kucken.

Fotoen : Yves Karier

3 Responses to “Den Norden däerf kee Fräiliichtmusée ginn !”

  1. PLÜMER Romain

    Bravo Martine! Déi do Saachen mussen ënner d’Leit. Do musse mir décke Gas ginn. Eee Norddeputéierten deen déi Finanzreform stëmmt, dee muss an dën Eck gedréckt ginn. An de Virschléi vun de Plans Sectoriels heescht ët: de ländleche Raum därf nëmmen lues wuessen, een Haaptort an der Gemeng, déi aner Dierfer praktesch nët, do misst de PAG ageschränkt ginn. An dann bei der Finanzreform gëtt den Haaptakzent op d’Awunnerzuel geluet. Daat jäitzt jo géintenee. An da schwätze mir vun 1,1 Mio. Awunnerstaat. Milliarden ginn an d’Mobilitéit am Zentrum a Süden gestach. Am Norden gëtt mol kee Couloir festgehaalen fir d’N7 4-spureg auszebauen. Hei geet guer net Rieds vun Bauen, domadde gëtt all Méiglechkeet verbaut fir eng Kéier een Ausbau ze kréien. D’Nordstréck soll tëschend Klierf-Ëlwen 2-gleiseg ausgebaut ginn. Dëm Minister BAUSCH no gëtt lo mol bis 2019 am Bett vum 2.Gleis eng Velospist gebaut an dono, tëscht 2020 an 2030 géing déi rëm weggerappt ginn , eent 2. Gleis gebaut an derniewt d’Velospist rëm zréck gebaut. Daat muss de dir mol op der Zong zergoon loossen. Ween sou ee Schwachsënn gleeft, deen ass zeideg! Fir mëch war vun Ufank u klôr, dat ee BAUSCH näischt fir de Norden wärt iwreg hunn, nët vill wärt bauen mee, villes verbauen.

    Äntweren
  2. Petra Stober

    Bravo! Klare Worte, klare Analyse. Das war nötig und das wird noch viel häufiger notwendig zu sein, auch im einem öffentlichen, medialen Rahmen, die Situation des luxemburger Nordens, seiner Gemeinden und ihrer EinwohnerInnen aller Lebensphasen und Altersgruppen aufzuzeigen. Es geht nicht nur um Straßen, Finanzen, sondern eben auch um allgemeine Lebensbedingungen und die stark zurückgehenden staatlichen und öffentlichen Service-Angebote, die im städtischen Bereich selbstverständlich dazu gehören und ausgebaut werden. Alles muss gleichmässig ausgebaut werden, denn mehr Einwohner benötigen mehr – von allem! Zentrum und Süden können das erwartete Bevölkerungswachstum NICHT allein stemmen.

    Äntweren
  3. ykarier

    Et kéint ee soen, déi ländlech Gemengen bräichte jo just méi dicht ze bauen fir hir Finanzen ze stabiliséieren, si missten also méi Densitéit kréien. Gläichzäiteg kréien dës selwecht Gemengen awer aus landesplaneresche Grënn Limitten a hirem Wuesstem gesat, well se net intensiv an dicht bauen däerfen ! Dëst ass eng onméiglech Situatioun an eng politesch Inkoherenz wéi een se seele gesäit !

    Äntweren

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)