D’Landgemengen däerfen net bei d’Lisette gelooss ginn

Pressecommuniqué vun der CSV Norden

De 5. Juli huet sech den Inneminister an engem Communiqué zu der Reform vun de Gemengefinanzen zu Wuert gemellt. Sënn an Zweck vun dëser Reform soll et sinn, d’Gemengefinanzen ze stabiliséieren. D’Critèren, no deenen déi eenzel Gemengen an Zukunft wäerte finanzéiert ginn, solle nei definéiert ginn. Während enger Iwwergangszäit bis 2021 sollen och all d’Gemengen d’Garantie kréien, dass si an de nächste 5 Joer keng Aschnëtter an hier Finanzéierung wäerte kréien. Laut Minister Kersch missten d’Landgemengen sech während där Zäit drop astellen fir a 5 Joer manner Suen ze kréien.

Mam Här Kersch senge Pläng wäerten déi ländlech Gemengen mat niddreger Densitéit (also mat wéineg Awunner pro km2) reell Aschnëtter an hire Finanzen mierken. Duerch de Critère “Densitéit” ginn si reegelrecht bestrooft. Dëst ass fir d’CSV Norden inakzeptabel !

Wëllen ländlech Gemengen hir Finanzen stabiliséieren, missten si also méi Densitéit kréien. Gläichzäiteg kréien déi selwecht Gemengen awer aus landesplaneresche Grënn Limitten a hirem Wuesstem gesat, well se net intensiv an dicht bauen däerfen. Dëst ass eng politesch Inkoherenz ! Mir ginn d’Gefill net lass, dass an der Regierung déi eng Hand net weess, wat déi aner mécht.

Och sollen d’Gréngzonen beim Verdeelerschlëssel keng Gewiichtung méi hunn. Dëst ass ëmsou méi erstaunlech, dass « déi gréng » och Responsabilitéit an der Regierung droen. Fir d’CSV Norden ass et wichteg fir d’Gréngzonen als Critère beim Verdeelerschlëssel ze berécksiichtegen. Et geet drëm fir e gesonden Ausgläich ze fannen tëschent Gréngzonen a bebaute Flächen.

Den Här Kersch sot, d’Landgemengen missten sech drop astellen fir an de nächste 5 Joer manner Suen ze kréien. Här Kersch, d’Landgemengen wëllen net bei d’Lisette gelooss ginn. Sou net !

Dikrich, de 6. Juli 2016

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)