Um Nationalkongress vum 19. Mäerz huet d’CSV seng Parteiexekutif méi wéi däitlech bestätegt. Als Bezierk Norden sinn mir besonnesch houfreg op dem Martine Hansen seng Confirmatioun als Vizepresidentin mat bemierkenswäerten 94,8 % !
E weidere Schwéierpunkt vum Kongress waren d’Wahlen vun engem neien Nationalcomité. De Norden wäert hei iwwert déi nächst Joren duerch d’Edmée Juncker an den Yves Karier vertrueden sinn. Desweideren goufen och d’Membere vum Nowuessförderprogramm presentéiert. Fir de Norden sinn dat de Stefano D’Agostino an d’Elisabeth Wagner.
Am Mëttelpunkt vum Kongress stoung awer sonner Zweifel d’Unhuele vum neie Grondsazprogramm « Jidder Eenzelen zielt », déi vun enger Kommissioun ënnert der Leedung vun de Deputéierte Françoise Hetto-Gaasch a Serge Wilmes ausgeschafft gouf.
Als international Gäscht konnten e.a. d’Ministerpresidentin aus dem Saarland an d’CDU-Landesvorsitzende, Annegret Kramp-Karrenbauer, ewéi och de Generalsekretär vun der CDU Rheinland-Pfalz, Patrick Schnieder, begréisst ginn.
Fotoen : Paul Bonert, Yves Karier, CSV (Twitter + Facebook Accounts)































