EVP Kongress zur Atomkraaft zu Eynatten

D’Atomreakteren Tihange 2 an Doel 3 sinn kierzlech nees a Betrib geholl ginn, dat trotz ville Stéierfäll a Rëss, déi an den Drockbehälter festgestallt goufen. Well d’Geforen vun der Atomkraaft net op de Grenze stoen bleiwen, hunn d’Parteien vun der EVP aus der Euregio Maas-Rhein de 25. Februar e Kongress zu dësem Thema zu Eynatten (B) organiséiert. Duerch d’Bedeelegung vun Expert’en a Saachen Katastropheschutz, Gesondheet an Nukleartechnik konnt och eng objektiv Diskussioun gefouert ginn. De Kongress huet schlussendlech e puer Resolutioune gestëmmt, ënnert anerem d’Fuerderung fir d’Reakteren Tihange 2 an Doel 3 zouzemaachen. D’CSV-Norden huet dës Resolutiounen och matgedroen a wor vertrueden duerch de Christophe Hansen an den Yves Karier.

IMG_9319
Pasal Arimont (CSP), Member am Europaparlament
IMG_9320
vlnr : Yves Karier an Christophe Hansen
IMG_9328
Sabine Verheyen (CDU), Member am Europaparlament
IMG_9331
vlnr : Christophe Hansen (CSV), Pascal Arimont (CSP), Yves Karier (CSV)

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)