De Bezierkskongress vun der CSV-Norden huet e neie Comité gewielt

Um Bezierkskongress vun der CSV-Norden vum 22. Februar 2016 zu Mäerzeg ass d’Martine Hansen mat enger iwwerwältegender Majoritéit vun 97,43 % an hirer Funktioun als Bezierkspresidentin bestätegt ginn.

Nieft der Wiel vum President ass och e neie Bezierkscomité gewielt ginn. Rondrëm d’Martine Hansen sinn folgend Leit an de Comité gewielt ginn : Conzemius Sonja (Warken), D’Agostino Stefano  (Mäerzeg), Hansen Christophe (Doncels), Juncker Edmée (Ettelbréck), Karier Yves (Heischent), Lutgen ép. Ansay Christine (Rëmeljen), Meyers Lucien (Lëllgen), Molitor Uljana (Houffelt), Nickels-Theis Annie (Lëpschent), Nicolay Pascal (Ettelbréck), Schaaf Jean-Paul (Ettelbréck) a Weiler Charles (Dikrech).

Bemierkenswäert ass, dass sech insgesamt 28 Kandidaten der Wahl, fir Member am Bezierkscomité ze ginn, gestallt hunn ! Dëst ass fir eis de Beweis, dass d’CSV eng lieweg Partei ass an där d’Leit sech wëllen a kënnen abréngen.

D’Delegéiert konnten no der Wahl dann och mat grousser Zefriddenheet feststellen, dass d’CSV am Norden excellent opgestallt ass fir sech den zukünftege politeschen Erausfuerderungen vun eiser Regioun an eisem Land ze stellen.

E spezielle Merci geet un de Georges Riewer, dee no 16 Joer als Tresorier seng Plaz wollt fir e jonke Member fräimaachen. Mir soen dem Georges villmools Merci fir säin groussen Engagement am Bezierk.

(Fotoen : Yves Karier)

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)