Nordstrooss : Wéini kënnt den Ausbau op 4 Spuren bis de Fridhaff ?

Zanter d’Nordstrooss ganz op ass, kënnt et bal all Dag zu grousse Stauen virun Ettelbréck. D’Nord-Deputéiert vun der CSV wëllen dofir wëssen wéini d’Strooss tëscht Colmar/Bierg an dem Fridhaff op 4 Spuren ausgebaut gëtt a wat d’Regierung wëlles huet z’ënnerhuele fir déi geféierlech Situatioun rondrëm Ettelbréck ze entschäerfen.

Den integralen Text vun der parlamentarescher Ufro fannt Dir hei.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)