Ginn d’Kommissariater vun Heischent a Béiwen zougemach ?

Wéi geet et mat de Kommissariater vun Heischent a Béiwen weider ?

D’Resultater vun engem Projet-Pilote fir d’Kommissariater vu Béiwen an Heischent, virgesinn fir Enn 2014, goufen anscheinend de Gemenge-Verantwortlechen ni matgedeelt. Et soll awer decidéiert gi sinn, eent vun deenen 2 Kommissariater zou ze maachen.

Dofir stellt d’Martine Hansen eng parlamentaresch Ufro un den zoustännege Minister (dat Ganzt am Kontext vun der parlamentarescher Ufro vum Ali Kaes an dem Marco Schank bezüglech dem Kommissariat vu Veianen).

Den integralen Text vun der parlamentarescher Ufro fannt Dir hei.

(Foto : police.public.lu)

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)