Schoolleaks : Et stinn nach vill Froen op !

A Saache Schoolleaks stinn nach vill Froen op :

– Firwat sinn d’ Epreuven vum Ministère u Leit geschéckt ginn, déi se zu deem Zäitpunkt guer net gebraucht hunn?
– Firwat haten laut Presse verschidden Enseignant’en schonns d’ Epreuven den 13. Mäerz, obwuel den offiziellen Begläit-Bréif ob den 16. datéiert ass?
– Firwat huet den Minister net direkt reagéiert wéi hien eppes vum Leak wousst?

Eent steet fest : D’Martine Hansen an de Felix Eischen hunn leedeglech hir Aarbecht gemaach an de Minister via parlamentaresch Fro zu enger Stellungnahm opgefuerdert.

Dofir erklären mir eis onmëssverständlech solidaresch a stinn hannert hinnen !

Den Audio-Fichier vun der Pressekonferenz vum Martine Hansen an dem Felix Eischen fannt Dir hei.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)