Sëcherheets-Problematik vun der N7

Den trageschen Accident vum 5. Juli 2014 op der N7 tëscht Lëpscht an der Houschter-Déckt huet eis eng weider Kéier virun An gehal, dass et absolut noutwenneg ass, d’Sécherheet vun der N7 eescht ze huelen an dringend eppes ze ënnerhuelen. D’CSV Norden gëtt ëss dofir och net midd ëmmer nees op dës Sécherheets-Problematik vun der N7 hinzeweisen.

Mir erënneren drun, dass am Plan Sectoriel Transport,  den vum viregten CSV-Minister Claude Wiseler ausgeschafft ginn ass, de mëttelfrsitegen Ausbau vun der N7 op 4 Spuren virgesi wor. Dëst hätt d’Sécherheet vun der N7 substantiell erhéicht, well déi 2 Fahrtrichtungen duerch eng kalifornesch Mauer getrennt gi wieren an de Risiko vu Frontal-Kollisiounen esou op e Minimum reduzéiert gi wier.

Mir hunn definitiv kee Versteesdemech dofir, dass déi aktuell Regierung den Ausbau vun der N7 op 4 Spuren am Plang Sectoriel Transport NET zréck behalen huet. Eenzeg an alleng ass d’Optik vum Ausbau op 2 + 1 Spueren  zréckbehale ginn. Dëst geet der CSV-Norden awer bei wäitem net duer !

Dofir fuerderen mir, dass den Här Bausch de Plan Sectoriel, conformément zu dem wat ursprénglech virgesinn wor, ergänzt.

Iwwert de Wee vun der CSV-Fraktioun wärt d’CSV Norden op alle Fall d’Regierung zu hirer Haltung an dësem Dossier am Hierscht interpelléieren.

D’CSV Norden gëtt d’Hoffnung net op, dass d’Regierung an dëser wichteger Fro alenkt an dass d’Sécherheet vun eise Bierger eescht geholl gëtt.

(Foto : commons.wikimedia.org)

n7

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)